Close Menu
Invest Intellect
    Facebook X (Twitter) Instagram
    Invest Intellect
    Facebook X (Twitter) Instagram Pinterest
    • Home
    • Commodities
    • Cryptocurrency
    • Fintech
    • Investments
    • Precious Metal
    • Property
    • Stock Market
    Invest Intellect
    Home»Precious Metal»Spiller vun de klenge Länner: 1. Dag: Gold am Cyclissem, Karate, Judo, Dëschtennis, Schwammen an der Liichtathletik
    Precious Metal

    Spiller vun de klenge Länner: 1. Dag: Gold am Cyclissem, Karate, Judo, Dëschtennis, Schwammen an der Liichtathletik

    May 27, 20253 Mins Read


    En Dënschdeg war an Andorra deen éischte Competitiounsdag. Fir d’Lëtzebuerger gouf et vill Medailen.

    28 Medailen (10 Gold, 7 Sëlwer an 11 Bronze) huet de Grand-Duché um éischten Dag vun de Competitioune gesammelt.

    Un der Spëtzt steet Zypern mat 33 Medailen (12 Gold, 9 Sëlwer an 12 Bronze).

    Op der drëtter Plaz läit Montenegro mat 16 Medailen (5 Gold, 8 Sëlwer an 3 Bronze).

    Éischt Goldmedail geet un d’Marie Schreiber

    Déi éischt Medaile vum Dag gouf et am Cyclissem. Am Zäitfueren huet d’Marie Schreiber déi éischt Goldmedail fir Lëtzebuerg op dëse Spiller vun de klenge Länner gewonnen. Sëlwer ass un d’Nina Berton gaangen.

    Bei den Häre war et Sëlwer fir den Alex Kirsch a Bronze fir de Mats Wenzel.

    Reaktioune fannt Dir hei.

    Anetta Mosr suergt fir gëllene Moment am Judo

    Dem Anetta Mosr (-63kg) ass d’Revanche fir déi verluere Finall bei de Spiller vun de klenge Länner 2023 op Malta gegléckt. Dës Kéier huet d’Lëtzebuergerin d’Monegassin geklappt a Gold gewonnen.

    Eng gelonge Première gouf et fir d’Carla Tavares Fernandes (-52kg). Déi jonk Judoka huet Sëlwer gewonnen. Si stoung zesumme mam Lena Schmit (Bronze) um Podium.

    An och de Kevin Nunes Dos Santos (-73kg) konnt sech iwwer Bronze freeën.

    Reaktioune fannt Dir hei.

    Zwou Goldmedaile bei Karate-Première

    Fir d’éischte Kéier ass de Karate bei de Spiller vun de klenge Länner dobäi. D’Jenny Warling huet d’Chance genotzt a sech Gold an der Gewiichtsklass -55kg geséchert. Och den Jordan Sibille (-67kg) huet senger Konkurrenz keng Chance gelooss.

    Reaktioune fannt Dir hei.

    Zwou Medailen am Turnen

    Am Konschtturne gouf et zwee Mol Bronze, dat fir d’Dammenekipp a fir d’Härenekipp.

    Eemol Sëlwer an eemol Bronze am Schéissen

    Am Loftgewier 10m war et Sëlwer fir d’Isaure Gofette a Bronze fir de Luc Klein.

    4 Mol Gold fir d’Schwëmmer

    Véier Goldmedaile gouf et fir d’Schwëmmer. Bei den Häre konnt sech iwwer 100 Meter Crawl de Ralph Daleiden Ciuferri duerchsetzen. An der Finall iwwer 200 Meter Papillon stoungen dann zwee Lëtzebuerger um Podium. De Florian Frippiat ass op déi éischt Plaz geschwommen. Bronze war fir de Joao Reisen Braga Soares Carneiro.

    Och iwwer 200 Meter Papillon vun den Dammen ass Gold u Lëtzebuerg gaangen. D’Emma Barthel konnt sech behaapten.

    An der leschter Schwamm-Competitioun vum Dag huet dann d’Lëtzebuerger Staffel vun den Hären (Daleiden, Kemp, Chausson an Henx) iwwer 4×100 Meter Crawl Gold gewonnen.

    Eng Bronzemedail war et dann nach op den 800 Meter Crawl vun den Damme fir d’Lou Jominet ginn.

    Iwwerraschend Goldmedail fir Hären-Dubbel

    De Maël van Dessel an den Tom Scholtes hunn an der Halleffinall den Toppfavorit Malta, no zwee Matchball géint sech, eliminéiert. An der Finall hu se géint Zypern Gold gewonnen.

    Bei den Damme war Bronze fir d’Sarah De Nutte an d’Enisa Sadikovic. Fir si war et déi éischte Kéier, datt si zesumme gespillt hunn.

    Reaktioune fannt Dir hei.

    Gold fir de Charel Gaspar an der Liichtathletik

    Als Ofschloss gouf et en Dënschdeg den Owend nach emol Gold. De Charel Gaspar stoung am Héichsprong ganz uewen um Podium.

    D’Bridder Gil a Charel Weicherding konnte sech iwwer 3.000 Meter Steeple iwwer eng Medail freeën. Fir de Gil war et Sëlwer a fir de Charel Bronze. Bei den Damme konnt sech iwwer déi nämmlecht Distanz d’Liz Weiler iwwer Sëlwer freeën.

    Sëlwer gouf et och fir d’Noéme Pleimling mam Spär. An dann huet sech nach de Mathis Espagnet Bronze iwwer 800 Meter geséchert.

    Groussherzoglech Ënnerstëtzung an Andorra

    Fir den Optakt vun de Competitioune huet de Prënz Felix et sech net huele gelooss, d’Lëtzebuerger Athlete live op der Plaz unzefeieren.

    Den Artikel fannt Dir hei.





    Source link

    Share. Facebook Twitter Pinterest LinkedIn Tumblr Email

    Related Posts

    Gold (XAU/USD) Price Forecast: Lacks Conviction Near Record – 10-Day Support Test Possible

    Precious Metal

    Supply disruptions at copper mines driving higher prices likely to continue into 2026: Analyst – BNN Bloomberg

    Precious Metal

    Why The Price of ‘Poor Man’s Gold’ Hit a Record

    Precious Metal

    Expert predicts the price of gold in 2026 as the precious metal soared by 60% in 2025 – London Business News

    Precious Metal

    XAG/USD hovers around $66.50 near record highs

    Precious Metal

    South Australia’s major copper-tunity – Australian Mining

    Precious Metal
    Leave A Reply Cancel Reply

    Top Picks
    Commodities

    Fortes chaleurs : “l’eau ne nous appartient pas” ! Le point sur l’irrigation dans l’agriculture et la viticulture

    Property

    South Chatham County GA apartment complex sells for $25.6 million

    Commodities

    China-aided agricultural demonstration village launched in Zimbabwe

    Editors Picks

    Lady Rebels Finish Copper Division Runner-Up at Apollo Summer Slam

    August 25, 2024

    À Saint-Pol-de-Léon, le salon Customer Agricultural Show et ses nombreuses innovations ont passionné les visiteurs

    June 6, 2025

    Orano et le chinois XTC New Energy s’associent pour créer deux usines de batteries pour véhicules électriques, à Dunkerque

    January 28, 2025

    AD INFINITUM To Release Game-Changing Modern Metal Masterpiece, Abyss, on October 11, 2024 via Napalm Records

    July 27, 2024
    What's Hot

    ITV Announces Three New Media for Equity Investments in ufurnish.com, mynestegg and Tryp.com

    January 21, 2025

    Weekly SPI rises 4.34% YoY on food price volatility

    October 10, 2025

    Innovative grid-forming solutions revealed at 2nd Huawei APAC smart PV technology workshop

    August 5, 2024
    Our Picks

    Agriculture Education: In the Classroom, At Home and On the Farm | The Zipline

    August 28, 2024

    Northstowe Learning Community named Education Project of the Year at the East of England Property Awards 2025

    August 13, 2025

    Sherry FitzGerald expands into commercial property with Knight Frank deal – The Irish Times

    October 22, 2025
    Weekly Top

    How Property Reassessment and Mill Levy Affect Your Taxes

    December 18, 2025

    Regulations, Impacts, and Crypto Challenges

    December 18, 2025

    Property investor grows Team Valley footprint

    December 18, 2025
    Editor's Pick

    Dow, S&P 500, Nasdaq futures edge up despite government shutdown

    October 1, 2025

    Cochin FTWZ powers India’s spice trade with modern warehousing and digital logistics

    August 31, 2025

    Metal Gear Solid Delta Update Adds Inverted Camera, Konami Exploring Ultrawide Support And Performance Improvements

    September 8, 2025
    © 2025 Invest Intellect
    • Contact us
    • Privacy Policy
    • Terms and Conditions

    Type above and press Enter to search. Press Esc to cancel.